Mir haten 2025 zu Dikrich een ganz gudd Hunnegjoer a Beienjoer. Eis Völker sin ganz monter a fleisseg gewiecht. Bei optimalem Wieder mat Sonn a Reen ofwiesselnd krute mer exzellenten Fréijoers- an suguer 2 mol Summerhunneg. Vill Arbecht awer och vill Freed.
Dikricher Hunneg
Dienstag, 11. November 2025
Mittwoch, 16. April 2025
Fréijoer 2025
Sonn di laacht an d'Beien genéissen d'Bléien ... vun den Uebstbeem bis bei d'Weiden laanscht Sauer sin si fleisseg ënnerwee. Am Moment ass och nach bessen Hunneg vun 2024 op Stock.
Donnerstag, 24. November 2022
Best Hunnegjoer
2022 war dat bescht Hunnegjoer wat mer seit mer 2011 ugefaang un haten. Suwuel den Fréijoers- wéi den Summerhunneg hun eng excellent Qualitéit. Beim Qualitéits Label vun der Marque Nationale kruten se tëscht 84 an 80/90 Punkten. Well den Hunneg dëst Joer vun de Beien konnt gudd gedrechend gin, ass den Hunneg vun 2022 minimum 3 Joer haltbar.
Sonntag, 18. August 2019
Arbechten am August
Elo ass de läschten Hunneg agefëllt an mir këmmeren eis em d'Behandlung an duerno d'Affidderen fir de Wanter.
Abonnieren
Kommentare (Atom)

