Hunneg

Hunnegzorten

Vu Mee bis Juli gëtt 2 bis 3 mol geschleidert. 

Fréijoershunneg gëtt je no Joer vu Mëtt Mee bis Mëtt Juni geschleidert. Dësen Hunneg ass méi hell a kennt vun den Uebstbléien (Kiischten, Äppel, ...) an de Fréijoersblummen. De Fréijoershunneg gëtt normal relativ schnell hart. Fir dat en eng mëll fein kristallstruktur kritt gëtt hien puermol geréiert.

Summerhunneg gëtt am Juli geschleidert a kënnt bei eisem Standuert vun Beem an Hecken wéi Akazien, Lannen, Ahorn, ... gemëscht mat allerlee Wiseblummen a Kreider. De Summerhunneg gëtt nëmmen lues steif a gett mat Gedold douce geréiert fir eng reng Struktur ze kréien.

Dë Summerhunneg kann een och direkt als frëschgeschleiderten leefegen Hunneg afëllen. Den gett awer dann no 2 Méint am Glas och lues a lues fest.

Eise Nosshunneg gëtt mat Walnëss an leefegem Summerhunneg gemach dat ass eng Delikatess fir op de Müsli oder zesummen mat Kéis ze zervéiren oder natirlech op enger gudder Schmier.

Mir kontrolléiren selwer de Waassergehalt fir secher ze stellen dat den Hunneg sech mindestens 2 Joer hält. Mir reechen och all Joer Hunnegprouwen an fir d'Marque Nationale ze kréien. Dee meeschten Hunneg liwweren mir via d'Genossenschaft "Lëtzbuerger Hunneg" (hunneg.lu) an d'Buttiker.

Fir Hunneg ze bestellen am beschten uruffen op: 691 20 85 44 oder mailen  hunneg@diekirch.org an da bei eis Frank a Claudine Thillen-Reiser 17 rue de l'Hôpital L-9244 Diekirch ofhuelen.