Beien

Claudine mam éischte Vollék 2012

Hunneg aus dem Spidolsbierg

D'Claudine huet 2010 de Beie Cours vum Dikricher Beieveräin (www.beien.lu) besicht an 2011 mat dem éischten Vollek ugefaang. 

Ab 2012 hat de Frank dunn och méi Zäit a mir hunn dat ganzt no an no zesummen ausgebaut. Mir kruten Kinniginnenzellen vun méi erfuerenen Imker an hunn séier bäigeléiert wéi een dat richtegt Gespier kritt fir d'Entwécklung vun engem Beievollek.

Mir hunn dunn eis eegen Völker aus Ableger erugezillt. 2022 hate mer 16 Völker di fir d'Marque Nationale Hunneg produzéiert hunn. Mir sinn Member an hëllefen an der Hunneggenossenschaft "Lëtzebuerger Hunneg". www.hunneg.lu

Eis Beiestäck stinn um Rand vun Dikrich, laanscht d'Häng vum Sauerdall wou vill wëll Blummen, Kreider, Uebstbeem a Bëscher sinn. Den Hunneg huet doduerch am Laaf vum Beiejoer ëmmer aner Aromen.

D'Beien sinn ee wichtegt Element an eiser Natur. An deem dir lëtzebuerger Hunneg kaaft suergt dir derfir dat Beien an eiser Regioun erhale bleiwen.

Merci un d'Maison de Soin Sacré-Cœur wou d'Beien stin 
Et ass wichteg dat d'Beien gudd gehaal gin:
1) gudd Genetik a mat de beschte Völker zillen
2) ugepasste Behandlung géint Varroa mat natiirlecher Ameisensäier an Oxalsäier (keng Resistenzen a keng Iwwerbleibsel am Hunneg)
3) eng vielfälteg a natiirlech Vegetatioun rondrëm de Stand
4) akzeptéiren dat d'Beien och mol schwärmen